Home

Är Stäerkten entdecken, ausprobéieren a notze – heibäi ënnerstëtze mir Iech individuell.

Eist Ziel ass d’Wuelbefannen, d’Selbststännegkeet
an d’Stabilitéit vun all Persoun.


Eis Offer riicht sech u Familljen, Elteren, Kanner, Jugendlecher, Koppelen, Eenzelpersounen, Organisatiounen an Institutiounen.

Mir sinn un d’Schweigeflicht gebonnen.

Op Wonsch, kann d’Berodung an eise Raimlechkeeten zu Lëtzebuerg, Ettelbréck oder Réimech stattfannen.

D‘Erzéiongs- a Familljeberodung huet eng staatlech Unerkennung vum Famillje- Intégratiouns a Groußregiounsministär fir gewëssen Aktivitéiten (SECO AI/Fs 201303/44, SECO RNAI Csf 201303/2 sowie SECO RNAI CT 201303/1) esou wéi eng Unerkennung vum „Office National de l’Enfance“ (ONE).

Dat éischt Gespréich ass gratis. Fir all weider Gespréich gëtt jee no Akommes vum ONE oder vun eis eng geréng Käschtenparticipatioun gefrot.

Verschidde vun eisen Aktivitéite si just op Grond vu Spende méiglech.

De Gestionnaire vun der Berodungsstell ass d’AFP-Solidarité-Famille a.s.b.l. déi am Handels- an Associatiounsregister mat der Nummer F9337 registréiert ass.

D’a.s.b.l. an de Berodungsservice si politesch a konfessionell neutral a sinn dohier fir jiddereen do, onofhängeg vu Relioun an Ideologie.

Dir wëllt eis Aarbecht am Intressi vun de Familljen a besonnesch vun de Kanner ënnerstëtzen?
Da freeë mir eis op Är Memberschaft oder iwwert en Don.

Weider Informatiounen zur Berodung, de Gruppen an de Formatioune fannt Dir op Däitsch a Franséisch. Falls Dir nach weider Informatiounen heizou braucht, zéckt nët eis ze kontaktéieren.


Logo afp

Logo MarteMeo

Logo Weltspilldag